Summerconcert Weeltzer Musik

D’Weeltzer Musik huet den 13. Juli am Kader vum Festival de Wiltz op hiren traditionelle Galaconcert invitéiert. No engem éischten Deel mat engem flotten, ofwiesslungsräiche Programm mam Akkordeonist Daniel Gruselle, ass et am zweeten Deel méi franséisch ginn. D’Solistin Véronique Kinnen, mat Ënnerstëtzung vum Daniel Gruselle an der Weeltzer Musik, huet d’Publikum mat an d’Welt vun der Chanson geholl. Getrei nom Motto vum Owend “Échos de Paris” huet de Supporterclub vun der Weeltzer Musik nieft Gegrilltem a Wafelen och ee ganz leckere Kéis-Teller ugebueden.

Weitere Neuigkeiten von Guy Thurmes >