« KNUPPERTEN VOA WOOLTZ soen villmols Merci an Äddi »
1994 hoan d’Knupperten di éischte Kéier ët feerdig broacht, fir den TdL iwert „eis Knupp“ rop foaren ze lossen.
Begeeschterung zu Wooltz war risegrouss, an Dank enger grousser solidariger Ënnerstëtzung voan Frënn,
Noperen, der Weeltzer Gemeng an Sponsoren, ass 2013 den 20ten TdL bei eis zu Wooltz „um Knupp“ passéiert.
No 20 ganz flotten GPM an 9 Départ’en vum Tour de Luxembourg, engem Départ an Arrivée’en vun der Fléche du Sud,
hate mir mam Passage vum Giro d’Italia 2002 eisen Héichpunkt um „Knupp“ an zu Wooltz.
Leider koum ewer och eng vill manner flott Zäit. Nodeems mir dräi vun eisen „Haaptstäipen“ voan den Knupperten,
bannend 2 Joer verloren haten, war d’Entscheedung séier gefall, dass mir dës onvergeesslich
Momenter mam Velo, nik méi sou wegder maachen konnten an wollten.
Doropshën hu mir beschloss eis Keess egdel ze man, an déi un den Dokter Guy Berchem a seng Équipe vum LIH ze spenden.
Dësen Don vun 6.200,00€ hu mir am Januar am CHL iwerreescht an kruten en ganz interessanten Abléck an dem
Dr. Berchem a sengem Team hier Oarbicht vun der Kriibsforschung.
Op dësem Wee, soen mir eech all, nach eng Kéier een ganz decken MERCI, fir är jorelang Ënnerstëtzung,
an een leschten Äddi voan de Knupperten.