Flott Gebuertstagsfeier an der Geenzebléi

Bei der Begréissung hott de President Jing Huet am Numm vun der Amicale den Gebuertsdagsleit déi am Juli, August an September Gebuertsdag haten gratuléiert an hinnen allgoer fir Zukunft nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht an datt si nach vill Fester mat der Amicale kënne zesummen féieren. Direktioun vun Servior war vertrueden durch Madame Plawny. Gemeng war wéi ëmmer gutt bei sou enger Feier vertrueden durch Madame Buergermeeschtesch Carole Weigel an den Schäffen Cosic Amel. Buergermeeschtesch hott am Numm vun der Gemeng allen Geéierten gratuléiert an hinnen och fir Zukunft all Guddes gewënscht. Dono hott den Orchester Michel den Happy Birtday gespillt wou alles matgesong hott. Bei engem gudde Patt an engem Steck Gebuertsdagskuch guff gedanzt an gesong. Vun der Amicale gouf et wéi ëmmer een Kaddo fir all déi 29 Geéiert, Gemeng hott een Kaddo iwwerreecht fir déi Bewunner déi een ronne Gebuertsdag haten.

Et guffen geéiert: Even Christian 64, Hanten Joseph 72, Deckenbrunnen Francois 78, Peters-Kaspar Antoinette 79, Aubart Marcelle 80, Breyer Marie-Josée 81, Martini Bruno 81, Burggraff-Gremling Albertine 82, Welbes René 82, Diesburg- Unterrainer Luise 84, Schmitz- Wagner Yvette 85, Freres-May Annie 86, Moore-Hayward Frances Mary 87, Beelen Hilaire 87, Roemer Schneider Trina 88, Weigel-Laplume Pauline 88, Weber Josephine 88, Even Raymond 89, Breyer-Brettner Nicole 89, Glode André 90, Feller Nicolas 90, Wenkin-Mathieu Catherine 92, Hass Ida 92, Keiser-Lutgen Alice 92, Leiner Rodolphe 93, Becker-Seher Marcelle 93, Majerus Theis Catherine 98, Rausch Meier Suzanne 99.