Concert Gastronomique mat der Chorale Woltz

09
Nov
09 Nov

Den 9. November ass et nees souwäit. D'Chorale Municipale Woltz invitéiert op de Concert Gastronomique 2024.
Um 19.30 Auer ginn d'Amuse-Bouches an der Hall zu Wegdichen bei Woltz zerwéiert. D'Chorale séngt am 1. Deel Operettechéier vum Johann Strauss, Jacques Offenbach an Edmond de la Fontaine.
Dorno zerwéieren déiselwicht Sängerinnen a Sänger eng passend Kürbiszopp. "Broadway Highlights", gesonge vun de Solisten an engem Dammechouer verbannen de musikalischen mam gastronomischen Appetitt.
Als Haaptplat gëtt dann ee Lëtzebuerger Teller mat verschiddene Spezialitéiten aus dem Ländchen opgedëscht.
"Songs for Eternity" ass de leschte musikalischen Deel vum Owend iwwerschriwwen. Hei gi Lidder aus dem internationale Repertoire presentéiert, déi bei jidderengem nach laang wäerten nokléngen.
Als Ofschloss gi Variatiounen vun Dessert proposéiert, sou datt jiddereen op seng Käschte wäert kommen.
Dir kënnt eech umelden duerch Iwwerweisung vu 35 € pro Persoun (Concert mam Menu) op de Kont LU34 0019 3800 0244 8000 vun der Chorale Woltz.
Weider Infoen iwwer Email: chorale.wiltz@gmail.com oder um Telefon
691 354 404