32. Wämper Lof zu Wäiswampich

Um 32. Wämper Lof konnt een sech och dëst Joer fir de Parcours vun fënnef resp. zeng Kilometer ronndrëmm déi zwee Seeën zu Wäiswampich aschreiwen.

Fir de Spaass an fir d'Beweegung wor dono een sportlechen Jugendlof vun 2,6 Kilometer ronndrëm dem ënneschten See.

Een Kannerlof vun 1,3 Kilometer, wéi och fir déi ganz jonk Leefer een weideren Lof vun 750 Meter. Fir déi sportlich Lestung, krut all Kand eng Belounung.

Dëss Sportveranstaltung stung ënnert der Organisatioun vun der Wämper Musik, de Wämper Frënn, zesaamen mam Celtic Dikirch.