Weiler zum Tuer. An hirer Generalversammlung konnten d’Fraen Weiler-Haassel op e gutt gefëllten Aktivitéitskalenner an eng stabil Finanzlag hiweisen.
D’Presidentin Claire Theisen huet déi gutt Mathëllef vun alle Memberen, der Gemeng, der interner Bitzequipe an de Sponsoren ënnerstrach. Si huet och der fréierer Sekretärin Josée Schlammes fir all hir Aarbecht an de läschte Joere Merci gesot.
D’Fraen Weiler-Haassel konnten och dëst Joer 2 Schecke vu jeeweils 4 500 € un d’Fondation EME an u CARE a.s.b.l. iwwerreechen. Den Erléis vum traditionellen „Dîner de bienfaisance“ an de Verkaf vu selwer gemaachten Artikelen um Chrëschtmaart zu Haassel, hunn dës Donen erméiglecht. D’Chorale Weiler-Haassel huet sech mat jeeweils 500 € pro Associatioun ugeschloss.
An deene läschte 46 Joer konnten d’Fraen Weiler-Haassel 202 000 € u 54 verschidden Organisatioune spenden.
Den Owend gouf gemittlech bei engem Patt an engem gudde Maufel ofgeschloss.