Generalversammlung vun der Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne.
Weiler-la-Tour. Am Kader vu senger uerdentlecher Generalversammlung am Centre de rencontre "Stiffchen" zu Hassel, huet de Präsident a Präsenz vu Vertrieder vun der Gemeng an der ALAEC, a senger Usproch e grousse Merci ausgesprach vir d'Ënnerstëtzung vun der Gemeng.
Duerno gouf ee klenge Réckbléck op di verschidden Aktivitéite vum Joer 2024 gemaach, d’Finanzlag ass presentéiert ginn an en Ausbléck op d'Aktivitéte vum Joer 2025 ass gemaach ginn.
Niewent deem konnt d’Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne e Scheck vun 1.200 € un "Associatioun Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg" (ALAEC) iwwerreechen, an dëst schonn am 3. Joer. Dëse Betrag ass d‘Resultat vum Erléis vun der Participatioun um Food Truck Festival an um Chrëschtmaart am lëschte Joer an der Gemeng Weiler-la-Tour.
D’Madame Dany LENTZ-POLFER vun der ALAEC huet sech fir dee schéine Gest bedankt an huet der Gemeng ee grousse Merci ausgesprach dass si dëse Sall schonn a puer mol benotze konnten.
An der gutt besichter Versammlung, hunn d’Vertrieder vun der Gemeng och ënnerstëtzend Wieder fonnt an der ALAEC d’Méiglechkeet ginn, dëse Sall weider fir Versammlungen ze benotzen.
No dem offiziellen Deel vun der Generalversammlung ass dat eent oder anert Glas Wäin aus der Bourgogne bei engem passende Kéisplateau zerwéiert ginn.