1monthfree

NEIT MANDAT FIR DEN ERNEIERTE KOMMITEE

Joeresbilan bei der Chorale Weiler&Haassel

Déi 55. statutaresch Joereshaaptversammlung vun der Chorale Ste Cécile Weiler&Haassel am Kulturzenter „An Huef“ zu Weiler zum Tuerm huet den nei un der Spëtzt vum Veräin beruffene President Edmond Theisen a senger Begréissungsusprooch agelaut mat Luef an Unerkennung fir de Chouer, geleet vum Dirigent Horatiu Dragan, um Duxall begleet vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel. En décke Merci riicht hien un d’Adress vum Kiercherot an un d’Gemengenautoritéiten, zesumme mat de verschiddene Gemengenservicer, fir hir onentbierlech Ënnerstëtzung, finanziell a logistesch, Joer fir Joer.

Am Réckbléck op 2024 notzt de Rapporter André Welfring d‘Geleeënheet, a senger Presentatioun, zum Deel mat Fotoen ënnermoolt, nach eng Kéier eenzel Daten an Ereegnisser opliewen ze loossen: Scheckiwwerreechung zesumme mat de Fraen Weiler-Haassel, Gesangsoptrëtter fir d’Tëleesmass, d‘Primizmass vum Här Léon Weber, den Te Deum fir den Nationalfeierdag, de Festakt um Nationale Gedenkdag, d‘Cäciliefest, d’Chrëschtmetten - mat dem Normalprogramm alles an allem 66 Asäz, Prouwen abegraff. Besonnesch Aufgaben huet de Gesangveräin iwwerholl bei eenzelne Groussereegnisser: dem Food Truck Festival an dem Chrëschtmaart, organiséiert vun der Gemeng Weiler, um Duerffest zu Haassel zesumme mat der Amicale vun de Pomjeeën. Op der besënnlecher Säit vum Schaffen am Chouer stinn 3 Begriefnismassen an 3 Joermassen. E gesellegen Owend zu Izeg an e flotten Ausfluch op Monreal, Maria Laach an Andernach waren touristesch Events.

Gesond Finanzen, an de grousse Linie virgestallt vun der Tresoriär Claire Theisen, an allen Eenzelheeten iwwerpréift vun de Revisorinnen Margot Groff-Kaysen a Claudine Metzler-Conradt, erlaaben et dem Veräin, mat engem gesécherte Fong weiderzeschaffen. Den Dirigent Horatiu Dragan weist sech ganz zefridden mat den Ustrengunge bei de Prouwen.

De Joereskalenner 2025 verweist op eng Rei Terminer ausserhalb vum usuelle Planning: Tëleesmass 2025 (04.05); Oktavmass (15.05); Participatioun um Food-Truck Festival (17.05); Virowend vun Nationalfeierdag (22.06); Duerffest zu Haassel mat der Amicale Pompjeeën (13.07) Commémoration Nationale (12.10); Cäciliefeier (23.11). Als besonnesch Aufgaben ënnerbreet de Komitee an den nächste Méint dem Weiler Gesank eng Neioplag vun de Statuten an eng Registréierung um Internetsite www.chouer.lu

De Pit Faber aus dem Pastoralteam bekräftegt d’Absicht vun der Kierchefabrik, och an Zukunft d’Ausgabe fir den Dirigent an d’Organistin ze decken. Et wär keefalls selbstverständlech, sech iwwer Joerzéngten ëmmer nees benevole an der Chorale ze verpflichten. Geliefte Frëndschaft a sozialen Engagement si Wäerter, déi hien als Präses extra ervirsträicht.

Am Numm vun de kommunalen Autoritéiten geet de Schäffen Maurice Groben op de gehuewene Niveau vum Gesank an der Auswiel vun de Lidder an; grouss Bedeitung miesst de Riedner dem Undeel vun der Chorale um «vivre ensemble» an der Kierch an am Duerf bäi.

No de villsäitegen Ausféierungen war de gesellegen Deel bei engem gudde Maufel an engem sëffege Patt Ofschloss vun der Generalversammlung.

André Welfring

[Text fir bei d’Foto:]

Komitee vun der Chorale Weiler&Haassel v.l.n.r.: Pit Faber, Präses; Claire Theisen, Keessiär; Edmond Theisen, President; Roby Schmit-Adam, Member; Änder Welfring, Sekretär; Claudine Reuter-Lentz, Member