Fest vun der Hl. Caecilia zu Walfer

04
Dez
2024
04 Dez

De 17. Nobember huet d' Chorale Sainte-Cécile Walfer d'Fest vun hirer Patréinesch gefeiert. Bei der Mass, gehale vum Abbé Denis Wellisch, huet d'Chorale dr'Missa Cantate Domino vum Hermann Angstenberger virgedroen, begleet un der Uergel vum Roger Goodwyn. No der Mass huet de Präsident vun der Chorale, de Jos Turmes, alle Sängerinnen a Sänger e grousse Merci gesot fir hiren Asaz am Laf vum Joer. Besonnesch geéiert goufen, mat enger Medail vum Piusverband, de Claude Thill fir 20 Joer, an d'Getty Glaesener-Wolter an d'Maggy Dostert-Thill fir jee 40 Joer Aktivitéit am Gesank. Esouwuel de Präsident vun der Chorale wei och den Abbé Denis Wellisch hun dunn och nach d'Verdéngschter vum Roger Goodwyn ervirgehuewen, deen zanter 25 Joer Organist zu Walfer ass, a sâin Talent an den Déngscht vun der Chorale a vun der Kierch stellt. D'Sängerinnen an d'Sänger an den Organist si mat engem groussen Applaus vun de Leit gefeiert gin. D'Feier ass mat engem gudden Iessen an engem gemittlechen Zesummesinn ofgeschloss gin.