Am Kader vun de Feierlechkeeten zum 190. Gebuertsdag vum Michel Rodange war eng interessant Konferenz vum Germaine Goetzinger a vum Steve Karier an der Kierch zu Waldbëlleg. D'Germaine Goetzinger, fréier Direktesch vum Lëtzebuerger Literaturzenter, huet zum Thema "A wou mam Krop geschafft gëtt, do ass de Fuuss um Still" referéiert. Dobäi huet si dem Michel Rodange seng Gesellschaftskritik am Renert ënnert d'Lupp geholl. D'Germaine Goetziinger ass begleet gi vum Steve Karier, Lëtzebuerger Schauspiller a President vun der Fundamental asbl, deen aus dem Renert virgeliest huet.