Generalversammlung
Verdeele vu Medailen
Viichten. Ufanks Abrëll huet de Viichter Gesank seng Generalversammlung ofgehalen. Déi Viichter Sängerinnen a Sänger waren houfereg, an hirer Mëtt kënnen ze begréissen: hire Paschtouer, de Pater Jean-Jacques Flammang, hire Buergermeeschter, de Luc Recken an, als Vertriederin vun der UGDA ,d’Madame Monique Krummes-List. D’Sekretärin, Marie-Anne Kugener-Goethals, huet den Aktivitéitsbericht vun 2024 virgestallt an eng Rei Merci’e verdeelt. De Keessjee Marco Kugener huet de Bilan presentéiert an de Budget fir 2025. No der Entlaaschtung vun de Keesserevisoren gouf alles vun de Veräinsmembere gutt geheescht. Am leschte Joer war d’Rees mam Schëff iwwert d’Seine ouni Zweifel dat schéinst Erliefnes.
Fir d’Joer 2025 gouf sech virgeholl, méi oft eng Prouf mat der Dirigentin Jehanne Goethals-Strepenne ze halen. Net nëmmen d’Stëmm gëtt esou trainéiert, mee den Zesummenhalt am Veräi profitéiert och vu sou reegelméissegen Treffen. D’Union Chorale Vichten wäert am Laf vum Joer eng a.s.b.l gi mat neie Statuten.
Den Héichpunkt vum Owend war d’Verdeelung vun de Medailen. Hei goufe vun der UGDA geéiert: d’Monique Arendt-Bissen a seng Schwëster (déi leider net konnt do sinn) Berthy Marechal-Bissen fir iwwer 60 Joer am Veräin (Medaille de mérite en vermeil), d’Presidentin Christiane Pauly fir iwwer 50 Joer am Veräin (Medaille de mérite en argent) an d’Albertine Siebenaller-Ensch, d’Josette Schartz-Sliepen an de Jorge de Sousa fir 20 Joer (Plaquette en argent). No de Felicitatioune vun der Mme Krummes, dem Buergermeeschter an dem Här Paschtouer huet de Veräin e Patt an e klenge Maufel offréiert.
Text: Marie-Anne