GENERALVERSAMMLUNG vuan de Veiner GESCHICHTSFRËNN

GENERALVERSAMMLUNG vuan de Veiner GESCHICHTSFRËNN

am Zäche vuan de Jubiläen.


D’Jubiläumsjor 2023 war d’Haaptthema vuan der Generalversammlung vuan de Veiner Geschichtsfrënn.


Ousser datt de Veréin 50 Joer Bestoë gefeiert hott, guf d’Gëleeënhät genotzt fir di 775 Jor al Trinitarierkierch an de Mëttelpunkt ze steelen mat äner herrlicher Oussteelung am Trinitarierchouer iwer di réich Goldschmattskonst, déi zu Veinen realisiert guf. En Dozen Trinitarierpateren a Laien ware fir dës oussergewinnlich Oussteelung op Veinen invitiert..


Erënnert guf och mat Filmvirféierungen uan de 740. Duddesdag vuan der silliger Yolanda an uan 175 Joer Bildchenskapeel.


Dem Prësident bedauert, datt dem Dicks séi Bicentenaire, dän op ville Plaze gruss gefeiert guf, zu Veinen net weider zur Geltung kum, obwual den Dicks di leetzt 10 Joer vua seinem Liäwen zu Veinen verbroocht hott... mat Ousnam, wi de fréiere Prësident vuan der Musik präzisiert hott, vuan em speziell arrangiertem Musiksstéck, dat d’Veiner Musik am Kader vuan der Musikshow am November präsentiert hott.


Dem Jean-Paul Hoffmann war et awer och wichtig fir erfirzehiewen, datt sech, ous de Geschichtsfrënn erous, en neie Veréin gebilt hott mam Zil gesat alles a Beweegung ze seetzen fir di bloutnidig Restoratiunn vuan der Veiner Bildchenskapeel viruanzedreiwen.


Fräen dät sech de Veréin, dä well e por Mol hott missen d’Lokal wässelen, op en nei an definitiv ‘Néierlossung’ am Kulturzentrum Larei, wi den 1. Schëffen Paul Petry uagekënnigt hott.

Gaby Heger