40 JOER AMICALE SANATORIUM VEINEN

40 JOER AMICALE SANATORIUM VEINEN


Vill, ganz vill Grënn gëtt et fir d’Lästunge vun der Amicale Sanatorium ervirzehiewen, déi huffrig op erfolligréich 40 Joer zréckkucke kann.


Zënter seiner Grënnung Een 1983 hott d’Zil vun der Amicale dora bestane, fir d’Liäwe vun den eelere Leit ze beréicheren. Och wann d’Lëst vu Sachlästungen, déi de Bewunnerinnen a Bewunner ous dem Veiner Sanatorium während 4 Joerzéinten zugout kum, schier unendlich ass (Uschafe vun ëm Minibus, Kadoen fir d’Gebuertsdeeg, Ousflich a Vakanzen, Mammen- a Pappendagsfeieren, Musikseventer, Uster- a Chrëstfeieren...), dann ass ganz sécher di mënschlich Präsenz dat Allerwichtigst an dat Kostbaarst fir éis Senioren. Wä sehnt sech net nom Reeche vun äner Hand, no em oppenen Uer, dat noloustert, no äner Ëmärblung?


Fir de 40. Gebuertsdag haten sech, béi herrlichem Fréijoorswiäder, niäft de Membere vun der Amicale an de Matuarbichter, ganz vill Bewunner mat hire Familjen fir e gemeinsaamt Mëttigässen afont. Am Schiäd vun de Platanen op der Terrass vum fréiere Sanatorium honn d’Leit, béi flotter Musik, en ofwässlungsréichen Nomëttig verbroocht.


Den Ursprung vum heitige Fleegeheim gät zréck op 1931. Opgrond vun de villen Tuberkuloserkrankungen am Ufank vum 20. Joorhonnert, war d’Schafe vu spezielle Sanatorien fir Lungekranker e Must. Di gesond Loft op de Veiner Koppe war ousschlaggebend fir de Bou vun ëm Sanatorium. Dausende vu Kranke gufen hei behandelt a konnte gehält entloss gän. Opgrond vum Rëckgang vun denTuberkulosfeel, ass de Sanatorium 1979 an e staatlicht Fleegeheim ëmgewandelt gän. D’Grënnungsversammlung vun der ‚Amicale de la maison de soins de Vianden’ war den 1. Oktober 1983. Zënter 2001 gehiert d’Hous dem Servior Grupp.


Als Merci fir den unermiddlichen Asaz hott d’Direktiunn der Amicale e wonnerbaart Bild vun dësem herrliche Gebai iwerrächt.


Gaby Heger