Useldeng: Och dëst Joer waren et eng Reih vun groussen a klengen Vëlosfrënn, déi un der Editioun 2024 vum Vëlostour an der Gemeng Useldeng mat gemeet hun. Virum Start am Millenhaff huet d’Caroline Schmit, Koordinatorin am Kanton Réiden die verschidden Strecken mat engem Family- Tour vun 15 Kilometer an engem Dällchen- Tour vun 26 Joer um Terrain vun der Useldenger Gemeng am Detail virgestallt. No an no hun nach weider Leit sëch am Laaf vum Moien dem schéinen Tour ugeschloss. Bei der Arrivée a beim Patt géint Mëtteg huet de Syndikat Kanton Réiden op e Brunch – Buffet invitéiert mat lokale Produkter aus dem Wëlle Westen a musikalisch begleet vun der Band Radiostation. Bei frëndlichem Zesumme sin huet desen Dag an der Natur engt würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)