Tour duerch d'LEADER-Regiounen: Martine Hansen beim LEADER Zentrum Westen

D’Madamm Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau huet en Tour duerch déi 5 LEADER-Regioune vum Land gemaach.


Häerzlechst empfaang, gouf si de 6. Mee zu Tënten vum LEADER-Büro Zentrum Westen, zesumme mat der Gemeng Helperknapp.

No engem klengen Accueil vum Schäffe vun der Gemeng Helperknapp, dem Här Emile Splicks esou wéi vun der LEADER Zentrum Westen-Präsidentin, Madamm Christiane Eicher-Karier gouf d’Regioun Zentrum Westen kuerz virgestallt.

Weider goung de Mëtte mat enger interaktiver Präsentatioun vun e puer Projeten aus der leschter LEADER-Period 2015 – 2022. Niewent enger klenge Expo vum Projet HistoSchool, gouf an de Projet Geschichte vum Duerf oder och an deen een oder anere touristesche Projet ewéi Kurze Qualitätswanderwege oder SlowMobility vum ORT erageluusst. Des Weider gouf och kuerz d’Regional Energie Cooperativ virgestallt.

Ofgeschloss gouf dëse Mëtte mat engem gemittleche Patt en engem oppenen Echange!

Den LEADER-Büro Zentrum Westen ass frou an dankbar dass d’Madamm Ministesch sech Zäit geholl huet an sech op de Wee op Tënten gemaach huet! Mir soen hier dofir ee ganz grousse Merci a freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht!


D’LEADER Zentrum Westen Team


© Fotoen: Jos BILL & LEADER Zentrum Westen