Doheem gesicht

Dee klenge Moppeldackelmix Olli kënnt aus der Ukrain aus enger Stad di vu de Russen komplett zerstéiert ginn ass. Lokal Déiereschützer hunn hien vu do evakuéiert an op Dniepro an d'Asyl bruecht. Wéi hien virdru gelieft huet ass net bekannt, et war sécher kee Stroossenhond awer fir de Rescht kënne mer just roden.

Hien ass ëm di 6 Joer al, kastréiert an een immens frëndleche Mupp, souwuel mat Leit wéi och mat Hënn, Kaze schéngen hien net ze intresséieren.
Den Olli wäert och dono wann hien bis ofgespeckt huet keng Sportskanoun ginn, brauch awer duerchaus all Dag säi gemittlechen Tierchen duerch d'Natur.
Wann Dir de Moppelche wëllt kenne léiere kënnt Dir op der Nr 691571512 uruffen

Den Olli gëtt vermëttelt mat Schutzvertrag géint eng Adoptiounstax vu 350€ di mir integral un den ukraineschen Asyl weider gi

Weitere Neuigkeiten von Cathy Laroche >