Gelongenen Schoulofschloss zu Trënteng

An der Schoul zu Trënteng haten Member vum „Frëndeskrees Kamerun“ d’Freed fir 2 Schecken virun der Schoulvakanz an Empfank ze huelen. En „charity run“ am Kader vun der Sportswoch an der Grondschoul huet en Erléis vun 7.275.-€ abruecht, woubäi 3.775.-€ fir de Projet Schoul vum „Frëndeskrees Kamerun“ geduecht ass, an “Kindernothilfe“ 3.500.-€ kritt huet. D‘Kulturwochen vun der Maison Relais mam Thema: Afrika-Kamerun hat beim Kulturfest e finanziellen Succès vun 1.245.-€. Dës Gelder gi genotzt fir ze hëllefen eng Schoul zu SOA am Kamerun ze bauen, woubäi eng Schoulklass den Numm „Kiischtendall Trënteng“ wärt kréien. Jidfer Bedeelegten ee grousse MERCI!