Bei der Scheckiwwerreechung den 1. Juli, konnte sech 6 karitativ Organisatiounen iwwer Donë vun der Gemeng Stroossen freeën. D’Suen gi genotzt fir verschidde Projeten zu Lëtzebuerg an am Ausland ze ënnerstëtzen.
Folgend Associatiounë krute vum Schäfferot a vun de Conseillere vum Gemengerot e Scheck iwwereecht:
Aide à l’enfance de l‘Inde et du Népal asbl Don vu 4.000 €
Liewenshaff Päerd’s Atelier asbl Don vu 4.000 €
Fondation Caritas Luxembourg Don vu 5.250 €
Schrëtt fir Schrëtt asbl Don vu 4.000 €
Baytna Baytak – Together To Rebuild Beirut ONG Don vu 4.000 €
Indian Association Luxembourg asbl Don vu 4.000 €
Am Kader vum Wibbel a Spill mat, den dëst Joer den 23. Juni zu Stroossen stattfonnt huet, gouf mat der Ënnerstëtzung vun de Stroossener Veräiner a vu Sponsoren, Sue fir de gudden Zweck gesammelt.
Mat engem Don vu 750€ vun der BGL, 500€ vun de Biker.lu a 4.000€ vun der Gemeng Stroossen, konnt sech d’Fondation Caritas Luxembourg iwwert e Schéck vun insgesamt 5.250€ freeën.
E grousse MERCI un all déi involvéiert Veräiner vu Stroossen ouni déi esou een Event guer net méiglech wier.
https://www.strassen.lu/actualites/fiche/2021/07/remise-de-cheques-pour-associations-humanitaires