Laudato Si-Walking Tour verbënnt Spiritualitéit an Natur

WALFER. STEESEL. LЁTZEBUERG. (ksw) Multiple Krise wéi Kricher, Naturkatastrophen, Klimawandel mat deen entspriechenden Erausfuerderunge wéi d‘Soziale Fro a Bien-Commun, Ophalen mat der Exploitatioun vun der Natur, eng nohalteg a solidaresch Wirtschaft, d’Erhalen a Sécheren vun de Mënscherechter an der Demokratie prägen eis Zäit. D‘Welt steet also virun grondlegenden Zukunftsfroen, déi séier sollte geléist ginn. Laudato Si‘ ass en den 18. Juni 2015 vum Poopst Franziskus veröffentlécht Schreiwes, dat sech genee mat dëse grousse Mënschheetsfroen aus chrëschtlecher Perspektive befaasst. Den Argentinesche Poopst rifft doranner alle Mënschen zu Dialog a gemeinsamem Handelen op. Laudato si‘ - Dat heescht esouvill wéi „sief gelueft“. Dat si Wierder aus dem Sonnengesang vum Hellegen Franz vun Assisi. An dësem Lidd an Text kënnt déi Achtsamkeet, Dankbarkeet a Liewensfreed iwwert d‘Natur zum Ausdrock. De Sonndeg, de 16. Juni 2024 fënnt lo schonns déi véiert Laudato Si‘-Walking-Tour statt. Thema dëst Joer ass d‘ Suerg ëm „eist gemeinsaamt Haus“. Domat ass esou wuel d‘Äerd, als och eis jeeweileg Gesellschaft gemengt, an der mir zesummen liewen.

No Ëlwen, Remerschen an Déifferdang fënnt d‘Manifestatioun dës‘ Kéier an de Gemengen Walfer a Steesel statt. Virstelle kann en sech déi Veranstaltung wéi e groussen Wandergottesdéngscht am Bësch an an der Natur mat fënnef verschiddenen Etappen. Et geet lass an der Kierch zu Walfer. Weider Statioune sinn bei der Réimervilla zu Helsem, um Sonnebierg a bei den Raschpëtzer geplangt. Do fanne weider Deeler vun der Mass wéi d‘ Kyrie, d’Gloria an d‘ Liesungen statt. De Wee ass circa 6 km laang. Fir Famillje mat Kanner ass e speziellt Programm geplangt. Dësen Tour ass vill méi kuerz. Zum Ofschloss gëtt d‘ Eucharistie am Heeschdrefer Park gefeiert. Do befannen sech e puer sozial Ariichtungen, wéi etwa d‘ Altersheem Maredoc mat engem Klouschter vun de Schwëstere vun der Chrëschtlecher Léier (DC) an Deeler vun der Behënnertenariichtung Tricentenaire. D‘ Participante vun deenen zwee Toure fannen hei nees zesummen. Gemeinsamen Ufank fir déi zwee Touren ass em 14h30 an der Walfer Kierch (1, rue de l’église, L-7224 Walferdingen), d’Enn ass fir etwa 17h00 virgesinn (Parc Heisdorf, 34, Route de Luxembourg, L-7330 Heisdorf).

Virum 16. Juni fënnt eng begleedend Veranstaltung statt:

- D‘Präsentatioun vum Film „Der Brief – Eine Nachricht für unseren Planet“ ass eng filmesch Hommage un „Laudato Si‘“, en Opruff zu gemeinsamem Nodenken an Handelen zum Schutz vun eisem Planéit a gëtt den Dënschdeg, den 11. Juni 2024 ëm 19h00 am Centre Culturel Prince Henri zu Walfer (3, route de Diekirch, L-7220 Helmsingen) gewissen. De Film gëtt op Franséisch gewisen mat Engleschen Ënnertitelen. D’Entrée ass fräi.

Dës‘ Demarche gëtt organiséiert vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg a Kooperatioun mat der Par STEESEL-WALFER Ste-Trinité, dem Centre de Formation Diocésain Jean XXIII. (CFD), Partage.lu a Justitita et Pax Lëtzebuerg. Umellen kann en sech iwwert de follgende Link: https://cathol.lu/rubrique654 . Do ass och weider Informatiounsmaterial ze fannen. Fir nach méi Informatiounen, och zu deenen begleedenden Veranstaltungen, kéint dir den Pastoralreferenten Karsten Steil-Wilke, Tel: 26334024, Mail karsten.steil@cathol.lu kontaktéieren.