1monthfree

De Jos Mergen huet säin 90. Gebuertsdag gefeiert

Schweech: Bei gudder Gesondheet konnte de Jos Mergen vu Schweech, Doheem säin 90. Gebuertsdag feieren. De Jubilar huet den 3. Februar 1935, als jëngsten vun zwee Kanner zu Schweech , d’Liicht vun der Welt erblëckt. Seng Elteren waren den Nic Mergen an d’Elise Schimberg. Nos sengem Primärschoulbesuch huet de Jos wärend véier Joer beim Duerfschmadd geschafft, huet duerno säin Militärdingst zu Bitburg vun 1954 bis 1955 absolvéiert fir dann schlussendlich sëngt deeglicht Brout bei der Arbed Déifferdeng bis zu senger Pensioun am Joer 1994 ze verdingen. D’Hochzäit mam Marie- Josée Thein vu Biekerech war den 13. Juli 1966. Aus hirem Bestiednis dass hir eenzeg Duechter erviergaangen. No an no huet sech d’Famill Mergen- Thein ëm zwee Enkel- an engt Urenkelkand vergréissert. Mat enger schéiner Coupe Orchiddeen an enger Këscht petits- fours, war den Schëffen Claude Loutsch, bei de Jos Mergen wënsche komm, fir dem Jubilar am Numm vun der Gemeng Biekerech ganz häerzlich zum 90. Gebuertsdag ze gratuléieren. Zesummen gouf d’Glas erguew an ass op weider gesond an zefridden Liewensjoeren ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)