Generalversammlung vum Schëtter Gesank

De Schëtter Gesank kuckt an d’Zukunft

Viru Kuerzem huet de „Schëtter Gesank“ seng Generalversammlung a sengem Veräinsbau ofgehalen.

De Chouer kann ob en arbechtsräicht Joer zréckkucken, wou en ettlech Concerten a vill Prouwen um Programm stongen. Dank dem onermiddlechem Asaz vun der Dirigentin Marianne Hengel a vun allen Sängerinnen a Sänger war et méiglech den ambitiéise Programm ze realiséieren. E grousse Merci goung och un d’Gemeng Schëtter, déi ëmmer bereet ass de Chouer ze ënnerstëtzen.

Trotzdeem huet de Comité e waarmen Appell gemaach, fir nei Sängerinnen a Sänger ze motivéieren fir an de Schëtter Gesank ze kommen a mat him a flotter Ambiance e modernen an ofwiesslungsräiche Programm ze sangen.

No den uschléissenden Comités-Walen setzt de Comité sech elo esou zesummen:

Wim Nicolaï, President; Mady Rodesch, Vice-Presidentin; Julie Smit, Sekretärin; Karen Miller, Caissière; Memberen: Renée Altmann, Manon Molling, Mariette Sauber an Sophie Weicker. Keesse-Revisoren sinn den Hans van der Drift an d’Jacqueline Marcus.

De Schëtter Gesank prouwt all Dënschdeg-Owend um 20:00 Auer op 167, rue Principale zu L-5366 Munsbach. Ons Dieren stinn Iech grouss op fir schnupperen ze kommen. Avis aux amateurs !