Viru Kuerzem huet d’Schëtter Schoul den Erléis vun hirem Kleeserchersfest un d’Fondatioun Kannerschlass iwwerreecht.
Zu Schëtter gëtt et eng laang Traditioun fir de Kleeschen z’empfänken. Freides viru Kleeserchersdag huelen de Kleeschen an den Housécker sech extra vill Zäit fir bei de Schëtter Kanner laanscht ze kommen. Si gi vun de Schoulkanner empfaangen, déi all Joer e schéine Programm op der Bühn anüben. Um Kleeserchersmaart, wou vill flott Bastelaarbechten a gutt Kichelcher verkaaft ginn fënnt jiddereen eppes wat him gefält. Duerno ass den Ofschloss an der Kaffisstuff, déi vun de Schoulkanner organiséiert an duerchgefouert gëtt. Do derbäi gi fläisseg Suë fir de gudden Zweck gesammelt.
Dëst Joer haten d’Schoulkanner en décke Boni an der Keess. Sou konnt viru Kuerzem de Cycle 4.2, als Vertrieder vun der ganzer Schëtter Schoul de stolzen Don vun 4.830,80€ un déi Responsabel vun der Fondatioun Kannerschlass iwwerreechen. De Wonsch vun de Schoulkanner ass, dass dës Suë fir hir Frënn aus den 2 Foyere vun Iwwersyren genotzt ginn.
Bei der Scheckiwwerreechung huet d’“Fondatioun Kannerschlass“ sech kuerz virgestallt an erzielt wat si wëlle mat dësem Don maachen.
D’Schëtter Schoulkanner soe jidderengem Villmools Merci dee si bei hirem Kleeserchersfest ënnerstëtzt huet.