Uewerschlënner, e vergiessent Duerf, eng Kapell, eng So, eng Traditioun.

E Sonndeg den 14. Juli ëm 15.00 Auer ass eng Mass an der Kapell an der Uewerschlënner zou der Feier vun der Helleger Kunigunde.

D’Massfeier gëtt gehale vum Här Paschtouer Romain Richer, a verschéinert vun de Choralle vun Houschent a Schlënnermanescht.

No der Mass kënne mir e gemittlechen Ament Zesumme sinn a mir eis nach stäerken. Dofir suergen d’Frënn vun der Schlënner.

Merci un All déi, déi hëllefen dass dëss Traditioun erhale bleift.

D’Kapell an der Uewerschlënner gouf 1874 gebaut an ass 1875 op Päischten ageweit gi. De Patréiner vun der Kapell ass den Hellege Méchel, an d‘Niewepatréinesch ass d'Helleg Kunigunde.

De 27. September 1931 gëtt d'Kapell eng zweete Kéier ageweit, nodeems d'Gebai op Grond vun enger Privatinitiativ renovéiert gouf. Bei dëser Geleeënheet goufen och 3 Statuen, déi vun der Onbefleckten Empfängnis, vum Hellege Jousef a vum Hellege Michael ageseent.

Op Initiativ vum den Hären Isidor Morn a Jean Poos, dem deemools neie Porverband Housen-Houschent, der Chorale vu Schlënnermanescht a mat der Ënnerstëtzung vun der Buurschter Gemeng, gouf d’Kapell, 1974, eng drëtte Kéier renovéiert. Vun do un, gouf all Joer eng Mass an der Kapell geféiert.

Am Joer 1985 gouf déi néi Klack, déi gestëft gouf vum Nëckel Kneip vu Schlënnermanescht, ageseent. E puer Joer duerno huet déi bronze Skulptur vun der Kënschtlerin Bettina Scholl-Sabatini d’Kapell beräichert. Dëss Skulptur gouf gestëft vum Här Isidor Morn.

Enger So no, soll viru méi wei 350 Joer schonn eng Kéier eng Kapell an der Uewerschlënner gestanen hunn. Der So no goufen et nach zwee Dierfer an der Géigend vun der Schlënner. Dat engt Duerf housch Nachtumb, wou räich Bauere gelieft hu. An dem aneren Duerf, Wambach, hu Kesselflëcker, Musikanten a Lompekréimer gewunnt. Ee Spillmann aus der Eifel hat d’Pescht an déi zwee Dierfer geschleeft. Aus all Duerf hat nëmmen eng Fra iwwerlieft. Allebéid si se all Freideg an d'Uewerschlënnerkapell gepilgert fir hei fir déi Doudeg ze bieden. Der So no, hunn di zwou Fraen an der Kapell, d’Stëmme vun de Verstuerwenen héieren, déi matgebiet hun. Sie sinn esou laang dohin gepilgert an hu gebiet, bis déi läscht Stëmm nit méi ze héiere wor. Wie dunn eng Fra gestuerwen ass, ass déi aner verschwonnen.

Aus enger Chronik, geet ervir dass an der Uewerschlënner bis zu 22 Haiser stounge an 86 Awunner hat, an dat 1880 et nach 8 Haiser gouf mat 39 Awunner. Mëlleren, Schousteren, Gierwer, Doléiner a Vagabunden hunn hei gelieft. D’Landwirtschaft an d’Handwierk hunn den Alldag gepräägt. Et gouf och zwou Millen an der Uewerschlënner. D’Aarbecht wor haart an onrentabel, sou dass um Enn vum 19. Joerhonnert eng Auswanderungswell an di „Nei Welt“ d'Duerf bal ausradéiert hat. Den zweete Weltkrich wor d'Doudesurteel vum Duerf. Nom Krich hun ëmmer rëm vereenzelt Leit an engem vun deenen zwee nach bestoenden Haiser gewunnt. Haut gett et, nieft der Kapell, nach e Vakanzenhaus an d’Haus bei der Schlënnerbach wat der Ëmweltverwaltung gehéiert. 2018 gouf eng Konventioun zur Notzung vum Haus an der Uewerschlënner ënnerschriwwen. Dëst Konventioun besteet tëschent der Administration de la Nature et des Forêts, dem Naturpark Our, den zwou Gemenge Buurschent a Gemeng Parc Housen souwéi dem Veräin „Frënn vun der Schlënner“. Heimadder hunn déi lokal Veräiner d’Méiglechkeet kulturell, touristesch an historesch Evenementer ze organiséieren déi am Aklang mat der Natur stinn.

Dem Kadaster no, huet d'Kapell den "Awunner aus der Ieweschter Schlënner"gehéiert. Well kee méi do wunnt, war d'Fro vum Proprietär onkloer. Zanter 2017 gehéiert d'Kapell der Gemeng Buurschent.

Am Dezember 2019 huet d‘Commission des Sites et Monuments beschloss d’Kapell an der Uewerschlënner als „Nationaalt Monument“ ze klasséieren.

Am Summer 2023 gouf den Daach vun der Kapell erneiert.

Quellen:

Frënn vun der Schlënner, Evy Fridrich, Pompjeeë Schlënnermanescht, Chronist Pfarrer Vincent Meyers, Nationalbibliothek, Ministère de la Culture, Cosima, Schullehrheft Dominique Bina, J.P. Noesen

Weitere Neuigkeiten von Jean-Pierre Noesen >