1monthfree

MUS spendt un MSL

D'Motor-Union Schëffleng (MUS) huet am Kader vun hirer Generalversammlung e Samschdeg, den 8. Mäerz, en Don vun 2.000 Euro un d'Organisatioun "Multiple Sclerose Luxembourg" (MSL) iwwerreecht. De Marcel Clement, President vun der MUS, huet dem Anne Leurs, Direktesch vum MSL, de symbolesche Scheck iwwerreecht.

D'Suen, déi gespent ginn, kommen aus den alljährlechen Eventer vum Veräin a sinn zënter Joren en festen Deel vum sozialen Engagement vun der MUS. D'Anne Leurs huet an hirer Ried déi gutt Zesummenaarbecht mam Motorsportclub ënnerstrach an erënnert un déi regelméisseg Participatioun vun de MUS-Piloten um jährlechen "Grill um Bill", dee vun der MSL organiséiert gëtt.