Generalversammlung vum Schëfflenger Theater

Am Kader vun der Generalversammlung an der Maison des Générations begréisst d’Presidentin Nathalie Hansjosten all uwiesend Memberen, souwéi d’Gemengevertrieder, Vertrieder vun der UGDA, vum SIT a vun anere Veräiner.

De Schëfflenger Theater kuckt op eng erfollegräich Saison zréck. D’Opféierungen am Januar vum Stéck Endlech Vakanz hate grousse Succès a sou konnten 3 Done vu jeeweils 500 € u Médecins du Monde, SOS Faim an d’Schëfflenger Kriibshëllef iwwerreecht ginn. Déi ganz Ekipp freet sech lo schon drop hir Zuschauer déi 2 lescht Weekender am Januar 2025 rëm un d’Laachen ze bréngen.

Weitere Neuigkeiten von Schëfflenger Theater a.s.b.l. >