1monthfree

Gaart an Heem Schieren - Scheckiwwerreechung

Bei Geleeënheet vun senger Generalversammlung huet de Gaart an Heem vu Schieren der Associatioun "Liewen Dobaussen" ee Chèque vun 1000,00 Euro iwwerreecht.

D‘Suen stamen aus dem Erléis vun Léiffrawëschdag, wou de Veräin Wëscher verdeelt an vum Verkaf vum Quetschekraut, dat de Veräin am September kacht.

Den Här Claude Michels huet erklärt, wéi d’asbl Liewen Dobaussen entstaan ass, a wéi si sech entwéckelt huet an deenen 37 Joer, wou se besteet. Si stellen net nëmmen Heiser zur Verfügung, fir Leit mat psychech-sozialen Problemer ze betreien, mee si organiséieren och ganz vill Aktivitéiten fir di betreffend Leit. Si hunn een Atelier Gaardenaarbecht, Dageszentren, Berodungszentren, wou d’Leit kënnen dohinner kommen, fir Hëllef ze kréien.

Gréitchen Bertemes-Schmitz