D’Gemeng Schengen huet e Samschdeg, den 25. Januar 2025, hiren 11. Repair Café organiséiert.
De Repair Café fënnt 5-6 Mol am Joer statt.
De Repair-Grupp setzt sech aus 15 engagéierte Membere zesummen, 11 Repairer a 4 Persounen fir den Accueil.
De Fairtrade-Grupp këmmert sech ëm d’Versuergung mat Kaffi a frësche Schoklasrullen.
Am Schnëtt gi bis zu 20 Artikelen pro Sessioun am Repair Café gefléckt. Dank der Generositéit vun den Donen, déi vun de Leit erakommen, konnt scho vill Geschier ugeschaaft ginn, fir d’Offer nach weider ze verbesseren an de Service auszebauen.