Den Hondsclub ACPG vu Bieles huet 2018 duerch verschidden Aktivitéite fläisseg Sue gesammelt. Am Kader vu "Muppen hëllefen" sinn esou 1500 Euro zesummen komm. Um Owend vun hirer Generalversammlung den 19ten Januar, war et hinnen e grousse Pleséier dëse Betrag ze spenden.
2 Schecke vun jeweils 750 Euro goufen un <<Street Souls asbl>> an un de <<Plooschter Projet iwwerreecht.