Rezent huet am Foyer vum Kulturzentrum zu Sandweiler déi 86. Generalversammlung vum Klengdéiereveräin Sandweiler stattfonnt.
De President Jacques Doswald huet all präsent Veräinsmembere begréisst, dorënner de Schäffe Claude Mousel, de Gemengerotsmember Georges Reuter, den USAL-Generalsekretär Roger Jaeger, souwéi d’Membere vun de Klengdéiereveräiner Jonglënster, Wooltz, Schëffleng, Lëtzebuerg-Neiduerf an dem Rex-Klub.
D'Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer konnt net präsent sinn, genee sou wéi weider 18 Veräinsmemberen, déi sech entschëllegt haten.
No enger Gedenkminutt fir all verstuerwe Veräinsmemberen huet de Sekretär den Aktivitéitsbericht virgedroen. Besonnesch ervirzehiewen ass d'Ausstellung "Iwwert Klengdéierenzuucht" am Mee 2024, eng Rees vun e puer Deeg op de Bodensee am Juni, eng Dagesrees an d’Belsch am September, an d'Festiesse mat uschléissendem "Thé dansant" am November. Ausserdeem war de Veräin duerch verschidde Membere bei all lokale Fester a Manifestatiounen am Laf vum Joer vertrueden.
De Keessebericht, virgedroe vum Keessier Rudy Schmitt, weist, datt de Veräin eng gutt finanziell Situatioun huet. D'Versammlung huet him Entlaaschtung erdeelt.
Laut dem Tätowéiermeeschter Charel Goedert goufen am vergaangene Joer ronn 61 Réng fir verschidde Héngerrassen (Bresse-Gauloise, Bielefelder-Kennhühner a Schwädesch Blummenhühner) verdeelt.
De Sekretär huet d'Memberen informéiert, datt de Veräin dëst Joer keng Membersbäiträg méi kasséiert, well d'Aktivitéiten no der Generalversammlung de 6. Mäerz 2026 agestallt ginn.
Den USAL-Generalsekretär Roger Jaeger huet dem Veräin fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot an dem Klengdéiereveräin alles Guddes fir d’Joer 2025 gewënscht.
Ausbléck op 2025
-29. Mäerz: USAL-Kongress
-9. Mee: Rees vun 3 Deeg op Mons
-12. Juli: Dagesrees op Köln
-3. Oktober: Delegéiertendag zu Kayl
-16. November: Traditionellt Kiermesiessen
Zum Ofschloss huet de President der Gemeng fir de järleche Subsid Merci gesot an d'Zesummenaarbecht mat de Beamte vun der Gemeng Sandweiler gelueft.
De Comité setzt sech zesummen aus:
President: Jacques Doswald Vizepresident: François Kieffer Sekretär: Paul Risch Keessier: Rudy Schmitt Memberen: Nicole Schmitt & Charel Goedert
P. Risch via mywort.lu