1monthfree

Galaconcert "Sax & beyond"

22
Mär
2025

D'Fanfare Sandweiler invitéiert Iech ganz häerzlech op de Galaconcert "Sax & beyond", den 22. Mäerz 2025 um 20h00 am Centre culturel zu Sandweiler. Ee vun de musikaleschen Highlights vum Owend dierft d'Stéck "Grave Accent for Saxes" vum Alain Crepin sinn. De Solist Ulric Berg spillt an dësem Solo-Stéck de Bass-Saxofon, sou wéi de Kontrabass-Saxofon. Kontrabass-Saxofonen ginn et just 13 Mol op der Welt, a mir sinn immens frou eent vun deenen impressionanten Instrumenter den 22. Mäerz 2025 Iech kënnen ze kucken an ze lauschtere ginn.
Dir kritt ab elo d'Ticketen fir dëse Concert, entweder bei de Musikante vun der Fanfare Sandweiler, oder Donneschdes tëscht 19h00 - 22h00 am Musekssall (Sous-sol vum Centre culturel).

Mir freeën eis iwwert äre Besuch!