Mam Vëlo duerch d'Gemeng Sëll


Sëll: Och dest Joer huet d’Gemeng Sëll, als klengste Gemeng am Kanton, am Kader vun der Mobilitéitswoch am Kanton Réiden, nees um Tour du Duerf, matgemeet. Beim Start op der Plaatz bei der Kierch, konnt de Schëffen Tom Staus zesummen mat der Koordinatorin, Caroline Schmit eng Reih vu begeeschterten Vëlofrënn begréissen an hinnen de Parcours vu ronn 20 Kilometer, den deelweis iwert d’Strooss, Feld a Bëschweeër gefuert huet, kuurz vir ze stellen. Natirlich huet d’Gemeng sech et och nit huele gelooss, fir de wuelverdingten Patt am Kader vun enger klenger Réceptioun fir d’Matmaachen hire Merci auszedrëcken. (CR) (Foto: Charles Reiser)