Gemeng Sëll ënnerstëtzt den Natur- Projet vu Rainforest zu Costa Rica


2500 Euro Scheck fir Rainforest Lëtzebuerg iwergin

Sëll: Esou wi de Buergermeeschter Gérard Zoller am Ufank vun enger Gemengerôtssitzung erklärt huet, ass d‘Gemeng Sëll gewëllt, all Joer eng gewëssen Zomm fir e gudde Zweck ze spenden. Fir dest Joer war décidéiert gin, fir de Projet vun der Regeneneréierung vum tropischen Reenbësch zu Costa Rica ze ënnerstëtzen. Mat engem grousse Merci konnt d‘Vroni an de Frank Fischbach e Scheck iwert 2 500 Euro entgéint huelen, den der lëtzebuerger Bësch-Grupp, Rainforest, zugut könnt an déi sich aktiv géint de Klimawandel asëtzen a ganz speziell fir sech drun ze bedeeligen fir och hei den biologischen Korridor zu Costa Rica mat neien Tropebeem ze beplanzen. Mat 25 Euro dréiht ee Bam derzou , dass de Reenbësch zu Costa Rica op sëcherem Grond kann erweitert gin. Mat enger interessanter Presentatioun vun dësem Projet huet di naturverbonnen Scheckiwereechung hiren würdigen Ofschloss fond. www.rainforest .lu (CR (Foto: Charles Reiser)