Den Handarbeschtstreff vum Club Haus an de Sauerwisen huet gespent

Dammen vum Handarbechtstreff vum Club Aktiv Plus „ Club Haus an de Sauerwisen“ vu Rëmeleng hun hir Handaarbechte fir de gudden Zweck gespent.

An engem Joer sinn eng 63 Decken, sëlleg Mutzen, Schalen , Strëmp a Händsche gestreckt a gehäkelt ginn. D`Handarbeschten sinn den 18. Dezember 2024 der Associatioun "Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie (ACCB)" iwwerrecht ginn. D`Sozialequipe vun der ACCB ënnerstëtzt sozial schwaach Mënschen a Mënschen ouni Wunneng.Durch den Verkaaf vun Handaarbechten konnten sie ee stolzen Don vun 1423€ un d`Organisation machen.

Un eng Paus as net ze denken, déi nächst Projeeten sinn schon ugefangen an wärten och nächst Joer ërem gespent gin. Den Handarbechtstreff trëfft sech ëmmer Mëttwochs vu 14 bis 17 Auer am Club Aktiv Plus zu Rëmeleng. Dir sidd wëllkomm mat ze maachen.