Chrëschtfeier 2024 beim Männerchouer vu Rued-Sir

Kuerz viru Chrëschtdag huet de Männerchouer vu Rued-Sir säi Joresofschloss mat enger traditioneller Chrëschtfeier an der Buvette vun der Sportshal gefeiert. De President Serge Oth huet bei där Geleeënheet alle Sänger e grousse Merci ausgesprach fir hir Engagement am laf vum Joer. Ee spezielle Merci sot hien den Dammen an de Frënn vun de Sänger, déi ëmmer do si wann si gebraucht ginn, sief dat beim Fréijoersconcert, beim Wanterkascht oder bei der Chrëschtfeier asw. Mat schéinen Dëschgedecker, engem gudde Maufel oder Schnittercher, Taart a Kuch an enger gudder Chrëschtbuche a villes Méi, droen si zum Wuel vum Veräin eng staark Hand bei. Hien huet och dem Dirigent e grousse Merci gesot fir all seng Rou a Gedold déi hien d’ganz Joer mat de Sänger all hätt. Speziell ervirgestrach huet de President d’Bedeelegung un der Commemoratiounsfeier am fréieren SS-Sonderlager / KZ-Hinzert, den 21. September 2024, wou de Männerchouer bei der Lëtzebuerger Feier, virun der Kapell, d’Mass fir déi gefale Jongen a fréier Inhaftéierter vum KZ-Lager Hinzert gesongen huet.

Wéi all Joer sinn op der Chrëschtfeier déi Sänger geéiert ginn déi am laf vum Joer ee ronne Gebuertsdag geféiert hunn. Dëst Joer waren dat: v.l.n.r den Dirk Westerdeik (80), de Jos Stutz (70), de Ferdy Baulesch (80) an de Serge Oth (70). Mat engem "héich sollen se liewen" huet de Chouer d’Féier ofgeschloss.