Aweiung "al Schoul "Rued

Sonndes, de 26. Mee 2024 ass, a Presenz vun der Ministesch Martine Hansen, déi

« al Schoul » zu Rued ageweit ginn. D’Waarden huet sech definitiv gelount well aus der aler Schoul ee « Bijou » ginn ass, deen eng Plus-Value fir d’Veräin- an d’Gesellschaftsliewen an der Gemeng Ell wäert ginn.

« Esou een Treffpunkt ass ganz wichteg fir d’Duerf- an d’Veräinsliewen ze erhalen an och fir de Leit, déi nei bäigezu sinn, eng Méiglechkeet ze gi fir sech gutt ze integréieren », sou d’Martine Hansen.

D’Gemeng Ell seet all den Entreprisen, de Mataarbechter a jidderengem deen eng Hand ugepak huet, villmools Merci.