Rollingen/Miersch: Wann am Cipa- Blannenheem den Happy Birthday gesonge gëtt, ass gewéinlich eng Geburtsdagsfeier ugesoot. Dat war och am Januar vun desem Joer nees de Fall, wou eng Reih vun Matbewunner zu hirem ronnen Gebuertsdag gratuléiert gouf. Bei deser schéiner Feier koumen Gratulatiounen vum Haus Carole Theisen, beigeordnet Generaldirektorin, awer och vum Generaldirekter Thierry Lutgen, déi allen Jubilaren mat engem klenge Kado nëmmen dat Allerbëscht gewënscht hun. Et war fir den Misch Malherbe, Buergermeeschter a Presenz vu sengem 1. Schëffen Heng Krier eng besonnesch Éier am Numm vun der Gemeng Miersch seng allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbrëngen. A senger Laudatio huet den Gemengechef vu Miersch et och nit verfeelt dem ganze Personal mat der Direktioun vum Cipa- Blannenheem fir di exemplarisch geleeschten Servicer am Dingst vun hiren Matbierger, séi Luew a seng Unerkënnung besonnesch ervier ze hiewen. Fir gut Stëmmung huet den Entertainer „Gino“ de ganze Nommëtteg och bäschtens gesuergt. Nom Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch ass d‘Glas erhuewe gin an op di flott Gebuertsdagsfeier geprost gin. D’Jubilaren waren: Agnès Keiffer-Dahm an Léon Cordier (80), Mariette Mootz-Rodesch, Jacqueline Sahl- Goldschmit, Jean Wagener, Jean- Pierre Alexandre Bariviera- Marie- Thérèse Hansen- Schneider an Antoinette Filbig-Gerekens (85), Margot Dairomont-Kies, Rose Marie Holzmacher- Schüber an Vilma Miotto- Cicuto (90), Amélie Theisen an Germaine Kurt- Clesen (95). Och all denen Jubilaren, déi deser Feier nit konnten bäiwunnen, ass och gratuléiert gin.(CR) (Foto: Charles Reiser)