1monthfree

Adventsaktioun 2024

Scho fir d’drëtte Kéier gouf d‘Adventsaktioun „Den Ëmgedréinten Adventskalenner“ an der Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas organiséiert, bei däer Kleeder, Liewensmëttel an Done gesammelt gi sinn, dobäi si 6670 € zesummekomm. De materiellen a finanziellen Erléis gouf gläichméisseg op den Office social Munneref-Duelem an den Office social Réimech opgedeelt.


D’Adventsaktioun gouf vu „Les Amis de Saint-Nicolas“ op d’Been gestallt, mat der Ënnerstëtzung vum Pastoralrot, den Oeuvres Paroissiales Schengen a vu private Leit. Och d’Stärenaktioun an de verschiddene Kierchen huet zum Erfolleg bäigedro.


Mat Freed konnten déi Verantwortlech vun dëser Aktioun den Erléis wärend enger klenger Feierstonn un d’Vertrieder/innen vu béiden Offices sociaux iwwerreechen. Dës hunn sech häerzlech bedankt fir déi wichteg Ënnerstëtzung andeem si u verschiddene Beispiller de Verwendungszweck vum Geld erkläert hunn. De Paschtouer Daniel Graul huet ervirgehuew, datt et de Leit an eiser Par wichteg ass lokal Sozialaktiounen z’ënnerstëtzen.


Mat enger Agape a flottem Austausch gouf d’Adventsaktion 2024 ofgeschloss, an der Gewëssheet op eng nei Editioun am Advent 2025.

Weitere Neuigkeiten von Par Dräilännereck Musel-Ganer St-Nicolas >