Konscht op der Sauer - Reisduerf Kreativ

Konscht op der Sauer: E Fest vun der Kreativitéit zu Reisdorf

Den 21. Juli huet d’Gillenhaus zu Reisdorf sech an e liewegt Zentrum vun der Konscht an der Kreativitéit verwandelt. An Zesummenaarbecht mat Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl hun d‘Dammen Anouk Hientgen an Claudine Thill vun der Kommunikatiouns- an Kulturkommissioun vu Reisdorf e beandrockende Konschtmaart organiséiert.

Am ganzen hu 34 talentéiert Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg hir selwer hiergestallte Konschtwierker presentéiert. D’Diversitéit vun den ausgestallte Wierker war beandrockend: 21 Aussteller hunn hir Konschtwierker am Banneraum vum Gillenhaus gewisen, wärend 13 weider hir Kreatiounen am Bausseberäich presentéiert hunn.

D’Visiteure konnten eng breet Pallette u Konschtwierker bewonneren. Vun filigranen Holzaarbechten iwwer stilvoll Poschen an eenzegaartege Bijouen bis hin zu faarwefroue Biller a kreativen Pabeier-Projeten – fir all Goût war eppes dobäi. Besonnesch ervirzehiewe waren déi konschtvoll bemoolte Strausseneeër, déi handgemaachte Schreifgeräter aus Holz an déi faszinéierend Airbrush-Konschtwierker. Och déi traditionell Technike wéi Klëppelen an Dréchselaarbechten hu groussen Uklang fonnt.

Niewent de Konschtwierker hunn déi lokal Veräiner fir d’Wuel vun de Visiteuren gesuergt.


Weider Fotoen op www.hobbykl.lu