D’Kanner aus der Reisduerfer Grondschoul spenden un d’Wonschkutsch Asbl

Am Kader vun eiser traditioneller Sportswoch hudd och dëst Joer nees ee „Sponsored Run“ stattfonnt. D‘Kanner hunn sech an hirer Famill Sponsore gesicht, di sech bereet erkläert hunn, eng gewëss Zomm pro gelafenem Tour um Fussballterrain ze sponseren.

Duerch dëss Aktioun konnten mir am ganzen eng Zomm vu 2700€ sammelen, di mir der Organisatioun Wonschkutsch Asb gespent hunn.l

Um Schoulfest hu mir dëse schéine Chèque iwwerreecht.

Een décke Merci an Gléckwënsch un all Leefer a Sponsoren!