Liewege Kreativmaart am Préizerdaul

Fir d‘zweet zu Lëtzebuerg.
LIEWEGE KREATIVMAART.
Et ass deen 2. Maart a senger Form zu Lëtzebuerg.
Zu Rëmmerig an der Gemeng Préizerdaul stellen 55 Hobbykënschtler hir d‘Kënnen ënner Beweis an dat Sonndes, de 14.Juli vun 11 bis 18 Auer. an dat am Kader vum Street-Festival Art meets Energy.
Se schaffen all op der Plaz fir de Visiteuren hiren Hobby méi no ze bréngen an hinnen Ried an Äntwert ze stoen. Sidd Dir intresséiert un Drechselen, Bitzen, Heekelen, Strécken, Klëppelen, Filzen, Molen, Airbrush, Brandmolerei, Keramik, Glaskonscht, Mosaik, Tiffany, Beplotten, Spannen, Digital-Molerei, Kartong a Pabeier, Bëton, Paracord, Specksteen ? Da kommt op Rëmmerig a kuckt onsen Aussteller iwwert d`Schëller.

Selwer Hand uleeë kënne Grouss a Kleng bei folgenden Atelieren:
Makramee, Bitzen, Dekoratiounskränz, Keramik, Diamond Painting, Bracelet, Molen op Tasen oder Holz, Collage, Mosaik, Pabeier, Specksteen, Airbrush, Pastellmolerei, Klëppelen, Gléckwonschkaarte maachen a Filzen.

Weider Details an déi genee Aussteller fannt dir op

www. hobbykl.lu/kreativmaart.php