2. Liewege Kreativmaart zu Rëmmerig 14.07.2024

Am Kader vum Stroossefestival “Art meets Energy” war de 14.Juli zu Rëmmerig an der Gemeng Préizerdaul den 2. “Liewege Kreativmaart” . 55 Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl hunn hir Wierker vun 11 Auer bis 18 Auer präsentéiert. Och dëst Joer hunn si de ville Visiteuren hir Hobbië méi no bruecht a stoungen Ried an Äntwert. Et goufen och verschidde Workshops fir Erwuessener a Kanner ugebueden an déi waren alleguer gutt besicht. Méi Fotoen an der Fotogalerie op der Homepage. Fir weider Detailer an Informatiounen iwwer Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl kuckt w.e.g. op der Websäit. www.hobbykl.lu