Musikschüler, Musikanten-Sänger a Sportler koumen zu Éieren !


Réiden/Atert : Am Kader vun enger klenger Feierstonn an der Aula zu Réiden an
op Aluedung vun der Sports- a Kulturkommissioun vun der Gemeng , waren et viru
kuerzem ronn 60 Laureaten, déi fir hir aussergewéinlech Leeschtunge (Saison 2022-2023) mat engem Akafsbong belount gi sinn.

Den Tom Faber, President vun der Sportskommissioun, huet di besonnesche Leeschtungen an d’Engagement vun de Spiller vum DT Osper, vum DT Nidderpallen, vum Cycling Team Atertdaul ,vum Swimming Club a vum Patrice Renericken am Stockcar ervirgehuewen an hinnen och weiderhi vill Erfolleg fir Zukunft gewënscht.

Duerno war et um Monique Kuffer, Presidentin vun der Kulturkommissioun. Och fir si war et eng grouss Éier, fir deene talentéierte Schülerinnen a Schüler aus der Musikschoul fir hiren Diplom ze felicitéieren an och verschiddene Sängerinnen a Sänger aus de Gesangveräiner a Musikantinnen a Musikanten aus de Museksgesellschafte fir hiert laangjäregt Engagement , bei alle kirchlichen- an weltleche Manifestatiounen an der Gemeng häerzlich Merci ze soen.

An hirer Ried huet sie betount , wéi wichtig ët ass dass Musik a Kultur eng fest Plaz an eisem Liewen an och an eiser Gesellschaft behält. "D'Musik ass eng universell Sproch, di Mënsche verbënd an Emotiounen ausdréckt, déi een nitt ëmmer a Wierder ka faassen".

Musikalesch ass dess Feier vun engem flotte Museksensembel aus der Réidener Musikschoul verschéinert ginn.

No dem Verdeele vun de Präisser ass op weider vill Erfolleger am Sport, Gesank a Musik geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)