Réiden/Atert: Zënter August 2018 verbrëngt Marie Blanche Thilmany vun Uewerpallen hiren Liewensowend am Home pour personnes agées St. François zu Réiden/Atert, wou si sech och ganz wuel fillt. Et war och do, wou si hiren 100. Gebuertsdag am Kader vun enger schéiner Feier konnt feieren. D’Marie Blanche Thilmany gouf den 1. Abrël 1925 zu Uewerpallen, als dat drëtt vun véier Meedercher vun der Famill Thilmany- De Maeyer gebuer. Hire Liewenswee huet si nom Krich op Bréissel gefouert ier d’Geburtsgaskand sech dono, an dat not Grenzgebitt zu Arel an Hondeleng niddergelooss huet. Am Joer 1957 huet d’Marie Blanche Thilmany sech mam Gustave Becker vu Nothomb bestuet, mat deem si dräi Kanner krut. Am Joer 1972 ass si dann zesummen mat hirer Famill zeréck an hir Heemecht op Uewewerpallen gezunn an huet och do nach bis virun e puer Joer als Wittfra eleng gelieft. Hire Mann, Gustave Becker, fréieren Schmelzarbichter, huet seng léiw Fra, Marie Blanche schon 2005 am Alter vun 75 Joer missen verloossen. Haut ass d’Jubilarin stolz Groussmamm vun 8 Enkel- an Urgroussmamm vun 8 Urenkelkanner. Mat hiren 100 Liewensjoeren kann d’Marie Blanche Thilmany op ee laangt Liewen mat villen Erfahrungen zeréckkucken. Am Kader vun enger schéiner Geburtsdagsfeier , zesummen mat der Famill, war et den Home -Direkter Dany Oestreicher als éischten, den der Jubilarin zu hirem 100. Gebuertdags di allerbëscht Gléckwënsch am Numm vun der Direktioun mam ganzen Pflegepersonal mat alle Bewunner konnt iwerbrëngen. Och fir de Buergermeeschter Thierry Lagoda war et eng ganz besonnesch Éier a Freed perséinlich awer och am Numm vun der ganzer Gemeng Bieckerech dem Gebuertsdagskand nëmmen dat Allerbëscht zu desem aussergewéinlichen Gebuertsdag ze wënschen mat der Hoffnung dat nach weider vill a gesond Joeren derbéi komme sollen. Di vill Blummen a Kadoen zu desem schéinen Festdag hun dem Marie Blanche Becker- Thilmany och ganz vill Freed gemach. Duerno ass zesummen mat der Famill uegestouss gin an och jiddeereen huet sech dat gut Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch och ganz gut schmaache gelooss. (CR) (Foto: Charles Reiser)