Kadoen a Blummen fir 35 Geburtsdagskanner am Home Saint- François Réiden


Réiden/Atert: Fir 35 Matbewunner, déi zëschent März an Mee Geburtsdag feiere konnten, waren di zweet gemeinsam Feier zesummen mat de Familien am Home Saint François zu Réiden/Atert e puer flott Momenter vu flottem Zesummesin. No de Glëckwënsch vum Direkter Dany Oestreicher mat sengem Personal, hun d’Jubilaren sech gefreet fir klenge Kado oder di rout Rous déi si zum Éierendag geschenkt kritt hun. Mat engem Glas Crémant an engem kräftigen Happy Birthday ass op desen Nommëtteg ugestouss gin. Duerno huet d‘Lisa Mariotto mat bekannte Lidder fir bëscht Stëmmung am schéi gerëschte Sall gesuergt. Nodeem dat de gut gefëllten Teller jidderengem gut geschmaacht huet, ass de groussen Gebuertsdagskuch opgeschnidde gin. Zesummen mat enger Taass Kaffi huet dess Geburtsdagsfeier a flotter Gesellschaft hirt würdigt Ënn fond. D’Jubilaren vum Mount Mäerz: Gloesener- Jacqué Marie- Louise (81 Joer), Schneider- Genin Lucienne (94), Decarniere- Uyttendaele Christiane (85), Schroeder Alphonse (87), Goedert- Knops Denise (91), Frank Niki (87), Schweitzer- Aust Anne (86) an Weber- Schrantz Laure (80). Mount Abrël: Becker- Thilmany Marie Blanche (99), Muller- Klepper Marie- Josée (78), Weyland- Huberty Amélie (85), Ensch Albert (83), Reding- Zieser Marguerite (94), Rausch- Koeune Anne (82), Bach- Philippe Aline (88), Diederich- Wolff Marie- Thérèse (94), Colbach Jean (88), Wilmes Marichen (78), Tierce Eugénie (82), Fasbinder- Nilles Marie- Madeleine (94) an Reimen André (78). Mount Mee: Ries Alphonse (91), Kaufmann- Unsen Anne (91), Wolter René (86), Suchomel- Neuhengen Nicole (89), Collard- Reuter Cécile (84), Zacharias- Conrardy Félicie (88), Wanderscheid- Belche Raymonde (87), Gehlhausen Marco (68), Feinen- Jacoby Alice (89), Nerantzis- Gibson Susan (83), Gratia- Wagner Georgette (93), Bredimus Joseph (77), Gloesener- Schleich Josée (89) an Karger- Weis Jacqueline (88). (CR ) (Foto: Charles Reiser)