Et war déi 29. Generalversammlung, ob déi d’Fraen a Mamme vu Réiden invitéiert haten. Nodeems si zesumme mat dem Aumônier Pater Jean-Jacques Flammang d’Mass fir all lieweg a verstuerwe Membere vun de Fraen a Mamme gefeiert haten, ass Versammlung hannen an der Kierch gehal ginn.
D’Presidentin Martine Lallemand huet d’Invitéë begréisst; vun der Gemeng de Schäffe Jeff Lisarelli, d’Madamm Monique Kuffer d’Madamm Marie-Claire Rasqué Presidentin vun de Fraen a Mamme Par Atertdall Sainte-Claire an Dekanatsvertriederin vum Dekanat Zentrum, d’Éierepresidentin d’Madamm Rosa Pletschette-Wolter, d’Madamm Liliane Loos-Magar aus dem Zentralkommitee vun der ACFL, d’Madamm Rachel Braun Vertriederin vun Hëllef um Terrain, d’Vertrieder vum Nidderpallener Gesank, esou wéi den Här Deche Jean-Jacques Flammang S.C.J.
D’Sekretärin Madamm Martine Lallemand erzielt wat am Laf vum Joer 2024 geschafft ginn ass an och, wat fir Joer 2025 virgesinn ass, e.a. Eisekuche baken am Cactus, den 1.5. zu Nidderpallen, um Atertfest, um Schoulfest an um Kropemannsfest, des weidere Pilgerfaarten an d’Oktav an op Banneux. D’Fraen a Mamme Réiden ass déi lescht Sektioun déi et nach an der Par Atertdall Sainte-Claire gëtt. Dat nächst Joer gëtt eent speziellt. D‘Sektioun huet sech 1996 erëm frësch gegrënnt a besteet dann 30 Joer.
Si huet d’Wuert weiderginn un d’Keessiére Sonja Mores, déi de Bilan virgeluecht huet, dee vun de Keesereviseurinne Susi Reichling a Christiane Scholtus kontrolléiert ginn ass an Entlaaschtung vun der Versammlung kritt huet.
Et war dunn um Här Deche Jean-Jacques Flammang S.C.J., deen ënnerstrach huet, wéi wäertvoll d’Arbicht vun de Fraen a Mammen ass, an dass Done maache grouss geschriwwe gëtt. Den Här Jeff Lisarelli huet de Fraen a Mamme felicitéiert fir hiert Wierken am Déngscht vun de Matmënschen. Madamm Liliane Loos-Magar, huet Gléckwënsch vum Zentralkommitee iwwermëttelt, a sou ganz niewebäi bemierkt dat de Fraen a Mamme vu Réiden hir Eisekuche landeswäit bekannt sinn.
D'Presidentin Martine Lallemand huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en häerzleche Merci gesot fir déi Ënnerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleift. Ee spezielle Merci der Madamm Félicie Clesen-Weber fir d’rëschte vun der Kierch.
Och wann dat lëscht Joer keng grouss Einnamen do waren, gouf dunn 1 Scheck un «Epicerie sociale Réiden» vun 2000 € iwwerreecht
Als Vertriederin vun Hëllef um Terrain, huet Madamm Rachel Braun Merci gesot an dovu profitéiert fir Epicerie sociale ze erklären, wéi d'Sue verwennt ginn. Och wann si vum Staat konventionéiert sinn, mussen si awer nach villes aus der eegener Täsch bezuelen, an ouni Spende wären d'Enner net zesummen ze kréien.
Den Owend ass zu Enn gaange bei gemittlechem Zesummesëtze mat selwer gebakenem Kuch an engem gudde Pättchen.
(Foto an Text ML)