Réiden/Atert Den 20. Februar 2025 hat d’Chorale Sainte-Cécile vu Réiden op hier uerdentlich Generalversammlung an de Proufsall am “Ale Geriicht” invitéiert. Nieft den zwou Gemengevertriederinnen Danièle Simon-Arendt a Monique Kuffer konnt d’Presidentin Susi Reichling-Aubart och de Pater Jean-Jacques Flammang SCJ begréissen, dëst Joer eng éischte Kéier a senger Fonctioun als Curé-Doyen fir den Dekanat Zentrum. An engem kuerze Réckbléck op d’Aktivitéite vum leschte Joer gouf virun allem un eng flott Rees an Holland erënnert, awer och un e puer gemittlich Owender bei engem Patt an engem klenge Maufel. Et goufen nit manner wéi 34 Prouwe gehal, an un iwwer 50 Massen deelgeholl, dorënner di wéchentlich Sonndesmassen, souwéi feierlich a stëmmig gesonge Massen. Och bei verschiddene Versammlungen a Fore war de Réidener Gesank vertrueden. Am Kader vu Cäeciliendag krut d’Triny Larosch d’ “Médaille en Or” vun der “Union Saint-Pie X” fir 30 Joer Memberschaft iwwerreecht, iwwerdeems d’Nadine Nehrenhausen schonn am Juni mat der “Médaille en Vermeil am Ordre de la Couronne de Chêne ” vum Kulturminister ausgezeechent gouf, dat fir 43 Joer Memberschaft. Am Comité fir d’Joer 2024 waren: Susi Reichling-Aubart, Presidentin; Sandra Thilmany-Riffer, Vizepresidentin; Josette Ourth, Sekretärin; Marie-Paule Rasqué-Schaus, Tresorière; Ria Riffer-Rocks a Renée Peller-Kirchen, alle béid Associéen. Dëse Comité ass fir e weidert Joer “par acclamation” confirméiert ginn. D’Josette OURTH bleift als Dirigentin responsabel fir de musikalische Volet, an de Carlo Phillipe assuréiert d’Begleedung op der Uergel. D’Chorale Ste.-Cécile Réiden huet aktuell 24 aktiv Memberen, dat si 17 Sängerinnen, 5 Sänger, den Organist an d’Dirigentin. Um feste Programm fir d’lafend Joer stinn: den 19. Abrëll d’Ouschternuecht an der Réidener Kierch; den 21. Mee d’Oktavmass an der Kathedral, zesumme mat de Sänger a Sängerinnen aus de Pare Rammerich St-Valentin an Aterdall Ste-Claire; de 15. Juni d’Kiermesmass an der Réidener Kierch; den 22. Juni de feierlechen Te Deum um Virowend vun Nationalfeierdag an der Réidener Kierch. Des Weidere si geplangt: d’Massen op der Journée Commémorative, op Allerhellegen an op Hellegowend. Begriefnismasse ginn op Wonsch vun de Famillje mat Gesank an Uergel begleet. D’Prouwe sinn all Donneschdeg vun 20.00 Auer bis 21.30 Auer am “Aale Gericht”, 33, Grand’Rue zu Réiden. D’Entrée ass am Säitepassage fir bei de Parking. Avis aux amateurs.