De Jhängi Schaus huet säin 95. Geburtsdag gefeiert


Réiden/Atert: Op 95 erfëllt Liewensjoeren huet de Jhängi Schaus vu Réiden/Atert viru kuurzem zerëckblëcken, den säit November 2020 zesummen mat Fra Andrée säin Liewensowend zefridden am Home pour Pesonnes agées St. François verbrëngt. De Jhängi ass den 7. November 1929 als de jëngsten vun zwee Kanner vum Emile Schaus an Marie Weyland zu Réiden/Atert op d’Welt komm. D’Krichsjoeren huet hien vun 1939 bis 1944 a sengem Heemechtsduerf verbruecht. No dem Besuch vun der Industrieschoul zu Lëtzebuerg am Joer 1945, gung et an de Militärdingst. An der Zäit vun 1950 bis 1954 huet de Jhängi, d’Bäckerhandwierk am Familiebetrieb geléiert. Duerno ass zu Basel an der Bäckerberufsschoul dat schéint Handwierk weider verfeinert gin. Am Joer 1956 huet de Jhängi Schaus den Diplom als Bäcker an Pâtissier iwerreecht kritt. Den 28. Juni 1958 ass Hochzäit gefeiert gin mam Andrée Reisen vu Réiden/Atert. Fënnef Kanner sin no an no aus hirem Bestiednis erviergaangen. Haut zielen sechs Enkelkanner zum Stolz vun der Famill Schaus- Reisen. Nom Doud vum Papp, Emile, huet de Jhängi den elterlichen Bäckereibetrib zu Réiden/Atert iwerholl, den hien zesummen mat senger Fra bis zur wuelverdingten Pensioun am Joer 1989 mit vill Léiwt an Ausdauer weidergefuert huet. Niewt dem alldeeglichen Beruf war de Jhängi och nach Member vum Bäcker- a Pâtissierverband, dem hien vun 1973 bis 1989 och als President virstung. Vun 1960 bis 1989 war seng Fräizäit gut gefëllt als President vum Réidener Geschäftsverband, dem Timbereverband an dem Heinzelmännchenverband. Als aktivt Mitglied, Vizepresident a President huet de Jhängi der Réidener Musik souwi och den Frënn vum 3. Alter, ugehéiert. Am Verlaaf vun enger schéiner Gebuertsdagsfeier war et den Home- Direkter Dany Oestreicher, den a sengem Numm awer och am Numm vum ganze Personal mat der Schwëster Benedikta, di allerbëscht Gléckwënsch fir den 95. Gebuertsdag vum Jhängi Schaus konnt iwerbrëngen. Am Numm vum Réidener Gemengerot, den och hei present war, huet de Konseillier Luc Pauly, d’Gratulatiounen vun der ganzer Gemeng Réiden/Attert iwerbruecht an huet dem Jubilar fir Zukunft dat Allerbëscht fir Zukunft gewënscht. Ganz iwerrascht huet d’Gebuertsdagskand villmols Merci gesoot fir di léiw Wënsch awer och fir di schéi Blummen a Corbeillen déi hien zum Éierendag geschenkt kritt huet. Mat engem kräfigen Happy Birthday ass d’Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin a jiddereen konnt sech dat gut Stéck vum Gebuertsdagskuch derbéi och nach gut schmache loossen. (CR) (Foto: Charles Reiser)