Péiteng Cäciliendag 2022

Während der Houmass op Cäciliendag, déi d' Chorale Ste Cécile Péiteng zesumme mat der Chorale "Ons Heemecht" an der Harmonie Municipale Péiteng feierlech mat Musek a Gesank ënnerstrach huet, ass den Här Fernand Bley mat der Goldplaquette fir 50 Joer Sangen an engem Kierchechouer vum Piusverband geéiert ginn.

A Vertriedung vum President Romain Richer huet de Vize-President François Metz dem Fernand Bley seng Verdéngschter vis-à-vis vum Veräin ervirgestrach. 45 Joer Comitésmember, dovunner 35 Joer Vize-President a bis haut mat grousser Liturgiekenntnis zoustänneg fir d' Programmgestaltung vun de Massen um Sonndeg, de Feierdeeg an all aner Geleeënheet. Mat Frëndlechkeet an Diplomatie erfëllt hien d' Roll vum Vermëttler tëschent Paschtouer, Dirigentin, Organist an der Chorale.

Den Här Paschtouer Romain Gillen huet d' Goldplaquette iwwerreecht an d' Gemeinschaft huet dem Fernand mat engem décken Applaus déi wuelverdéngten Unerkennung ausgedréckt.