Oofschidsfeier an der Crèche Kordall zu Péiteng

De 16. Mee hat de Verwaltungsrot de Jacques Fautsch hire laangjärege Kach an der Crèche zesumme mat senger Madame op eng Oofschidsfeier agelueden am Kader vun engem Iessen am Café am Home an dat och an der Präsenz vun den Damme vun der Direktioun.
De Jacques Fautsch  huet an der Crèche de 15. Januar 2011 ugefaangen. Hie wor also méi wéi 13 Joer de Kach am Déngscht vun de Kanner.
De Jacques huet séin CATP als Traiteur-Kach vun 1985-1987 gemaach.
Vun 1987 bis 2005 war hien de Kach am Restaurant "Beim Jacques" zu Féngeg.
Weiderhi war hie Responsabel vun den "Repas sur roues" an der Gemeng Kënzeg a Responsabel vun der Kënzeger Schoulkantin .
Vun 2005 bis 2011 huet de Jacques an der Maison Relais zu Roodt/Syr fir +/- 300 Kanner gekacht.
Vun Januar 2011 bis Ufank 2024 war hien du Kach en der Crèche Kordall.

Wärend dem Iessen huet de President vum Verwaltungsrot Armand Goldschmit dem Jacques Merci gesot fir seng exemplaresch Aarbecht an der Crèche, him alles Guddes a senger Pensioun gewënscht  an him gouf dunn eng Corbeille mat regionale Produkter iwwerreecht.
D’Madame Fautsch krut och e Bouquet Blummen.

Am spéiden Nomëtteg goung  déi sympathesch Feier op en Enn.