Cercle Nautique vun der Gemeng Péiteng - 1 Februar 2017
36. Generalversammlung am Centre Sportif Bim Diederich
No der Begréissung vum Här President Dr. J.J. May huet hien Merci gesot deenen déi sech fir de Veräin asetzen, der Gemeng fir hir Material an finanziell Hëllef. Duerno hunn déi verschidden Verantwortlech vun den Sektiounen, Nage classique, Nage avec palmes, Loisirs an Tauchen hir Rapporten virgedroen.
Gelleg Aktivitéiten an allen Bereicher konnt een do feststellen an Members zuel huet erem zougeholl. Sektiounen sinn bereet mat voller Energie och déi kommend Saison erem weider ze machen, am Interessie vun dem Veräin.
Den Rapport vum Keesjee John Polfer huet eng gudd Finanzsituatioun virgeluecht,och wann een lichten Reckgang ze verzechnen ass.
No 32 Joer am Veräin, Member vum Comité, Vize-Präsident an duerno
8 Joer President huet den Dr. J.J. May seng Kandidatur net méi gestallt.
Hien krut Merci gesot fir déi lang Zäit an déi gudd Zesummenarbecht mat den Sektiounen. Hien bleiwt awer nach een treien Member an der Tauchsektioun.
Fir den vakanten Posten haten mer eng Kandidatur, déi vum Här Guy BERCHEM virleien. Hien ass per Acclamatioun op den Posten gewielt ginn.
No den encouraganten Wieder vum Här Buergermeeschter Pierre Mellina ass Versammlung op gehuewen ginn, an eng 30 Leit hunn sech bei enger klenger Agape am Hôtel Threeland erem fonnt.JP